Eng fantastesch Spend vun de Schoulkanner aus der Schoul Lenkeschléi vun Diddeleng
D’Schoulkanner aus der Schoul Lenkeschléi vun Diddeleng hu beim Charity Run, deen si mat vill Engagement a Begeeschterung organiséiert hunn, eng wierklech fantastesch Leeschtung bruecht. Mat vill Energie, Motivatioun an Ausdauer hunn si Ronn fir Ronn gedréint – a gläichzäiteg eppes ganz Wichteges gemaach: si hunn sech fir e gudden Zweck agesat. Am Virfeld vum […]





