D’Schoulkanner aus der Schoul Lenkeschléi vun Diddeleng hu beim Charity Run, deen si mat vill Engagement a Begeeschterung organiséiert hunn, eng wierklech fantastesch Leeschtung bruecht. Mat vill Energie, Motivatioun an Ausdauer hunn si Ronn fir Ronn gedréint – a gläichzäiteg eppes ganz Wichteges gemaach: si hunn sech fir e gudden Zweck agesat.
Am Virfeld vum Charity Run konnt all Kand een oder méi Donateuren auswielen. Fir all Ronn, déi gelaf gouf, hunn dës Donateuren e bestëmmte Betrag gespent. Sou ass duerch de sportlechen Asaz vun de Kanner, der Generositéit vun hiren Donateuren an der super Ënnerstëtzung vum Léierpersonal eng ganz besonnesch Aktioun entstanen.

De grousse Moment koum dunn um flotte Schoulfest vun der Schoul Lenkeschléi. Do gouf de gesammelte Betrag feierlech un Ile aux Clowns iwwerreecht. Zwee vun eise Clowne waren invitéiert, fir dëse ganz generéisen a mat vill Léift selwer gebastelte Scheck entgéintzehuelen.
An d’Zomm kann sech wierklech weise loossen: 13.250 € si bei dëser formidaabler Solidaritéitsaktioun zesummekomm!
Déi ganz Ekipp vun Ile aux Clowns wëll de Kanner aus der Schoul Lenkeschléi, hiren Donateuren an dem gesamte Léierpersonal nach eng Kéier e ganz grousse Merci soen.
Mat dëser aussergewéinlecher Spend kënnen eis Clownen och weiderhi Kanner an de Spideeler besichen an hinnen e bëssen Oflenkung, Freed a Lichtegkeet an hire Spidolsalldag bréngen. All Besuch vun eise Clownen hëlleft fir e puer Momenter d’Krankheet an de Hannergrond ze réckelen an de Kanner eng kleng Paus vum Spidolsalldag ze schenken.
Merci, Schoul Lenkeschléi! Dir hutt gewisen, datt Sport, Solidaritéit an e grousst Häerz zesumme ganz vill bewierke kënnen.





